De Generalsekretär vun der Fondation Robert Krieps weist sech schockéiert iwwert déi nei Hausse um Immobiliëmarché.
D'Zuele vum Statec schwätzen eng kloer Sprooch: D'Logementspräisser gi weider an d'Luucht. Bannent engem Joer elo 16,7 Prozent. Dat ass en neien Héchstwäert a changéiert näischt, kascht, graff gesot, en Objet vun enger Millioun Euro haut an 10 Joer iwwer 4,5 Milliounen Euro. De Generalsekretär vun der Fondation Robert Krieps Max Leners ass schockéiert iwwer déi nei Hausse: ''Fir meng Generatioun ass dat eng richteg Katastroph. Et brauch nei Mesuren.''
Nei Appartementer sinn duerchschnëttlech op ee Joer gekuckt 14,4% méi deier ginn, aler souguer knapps 16%. Bei den Haiser ass et eng Hausse bal 20% op ee Joer gekuckt.
Neuen Kommentar hinzufügen